En Dram …, eng Perspektiv …, eng Famill … an de richtege Moment, esou ass et zu „DEBIOBUTTEK” komm.
Mir sinn d’Mona an d’Milly Lauterbour an zesumme mat
eisen Elteren hu mir „DEBIOBUTTEK” S.à r.l gegrënnt. Eis
ass et wichteg, e kléngen Deel zou der Gesondheet an
dem Wuelbefannen vu Mënsch an Ëmwelt bäizedroen, an
dat an der Stad Déifferdeng.
Hei maache mir „DEBIOBUTTEK” op, esou wéi mir eis en
och als Client ëmmer gewënscht hunn, mat frësche Liewensmëttel
vu beschter Qualitéit, mat kompetenter Berodung an
enger familiärer, entspaanter Atmosphär.
„DEBIOBUTTEK” ensteet an zwee Schrëtt:
Pop Up Store vum 2.10.2017 bis Mee 2018 an der Cafeteria vu Flower Werding
An der Zäit ginn um Site vu Flower Werding déi al Gemaier ëmgebaut a renovéiert.
Am Mee 2018 mëcht dann hei „DEBIOBUTTEK” séng nei Dieren op an offréiert Iech e komplett Sortiment vu Liewensmëttel an aner Produkter a Bio Qualitéit.
An der Buttek Area
All Dag frëscht Biobrout a Gebäck
Naturkosmetik an dekorativ Biokosmetik
Téi a Kraider
Ofwiesselnd Dréchesortiment vun Müsli, Nuddelen, Gebeess, …
An der Kaffi & Téi Area
Hei gëtt et och e grousse Spilleck fir déi Kléng.
Kaffi, Téi, Gedrénks
Mëtschen, Toarten, Kuchen
Mëttesdësch: Sandwichs, Quiches, Zopp, etc.
Moiesdësch: Samschdes vun 8:30 bis 12:00 an den 2. Sonndeg am Mount vun 9:30 bis 12:00
... an zu gudder Lescht: Workshops, Treffen, ...
Adress
126 Avenue Charlotte, L–4531 Differdange
Kontakt
T 24 55 86 48|
M hello@debiobuttek.lu
Ëffnungszäiten
vu Méindes bis Freides 8:30 bis 18:30
Samschdes vun 8:30 bis 17:30
Heures d‘ouverture
du lundi à vendredi de 8:30 à 18:30
samedi de 8:30 à 17:30